1. D‘Wanteraktioun um Findel misst fundamental reforméiert ginn a misst d‘ganzt Joer duerch opsinn, dat fuerdert Médecins du Monde
2. Goodyear vu Colmer-Bierg riskéiert ugeklot ze gi wéinst déidleche Verkéiersaccidenter mat geplatzte Camionspneuen
3. D‘Coque um Kierchbierg soll ausgebaut ginn, de Sportminister Georges Mischo wëllt eng Machbarkeets-Etude an Optrag ginn
4. D‘Europäesch Zentralbank huet déi europäesch Leetzënsen op en Neits ëm ee Véierelsprozent erofgesat, fir 7. Kéier zanter leschtem Juli. Op elo 2,25 Prozent
5. Russland huet d‘Taliban vun der schwaarzer Lëscht vun den terroristeschen Organisatioune gestrach