Dëse Sonnden, 22. Mäerz um 5 Auer spillt den Jazz Pianist Arthur Possing zësumme mam Chaos String Quartett e Concert ënner dem Motto Hayd'n Seek. Am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck (CAPE) steet um Programm eng Fusioun tëschent der Musek vum Meeschter vum Quartett an dem Jazz. Mee net nëmmen Jazz a Klassik gi matenee vermëscht: niewend der Musek gëtt et och eng Selektioun vum Lëtzebuerger Wënzer Georges Schiltz, deen zësumme mat de fënnef Musekerinnen a Museker de passende Wäin zur Musek erausgesicht huet.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Haydn, Jazz a Wäin am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart