Am Mäerz hat den Ekonomiesministère en Appel à projets lancéiert, fir Entreprisen dobäi ze ënnerstëtzen, hir Camionsflott op Elektro ëmzestellen. 23 Projete goufen zeréckbehalen.
Wéi den Ekonomiesminister Lex Delles annoncéiert huet, wier d’Initiativ e grousse Succès gewiescht – an dowéinst geet et elo och an eng zweet Ronn. Den 20. Juli gëtt e weideren Appel d'offres lancéiert - Interessente kënne sech da bis den 18. September mellen.