arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Der Fussball Kommentator
Hannert der Facebooksäit, déi nobäi 34.000 an der Haaptsaach däitsch Follower huet an op där den däitsche Fussball kommentéiert gëtt, stécht e Lëtzebuerger.
Een neien Elan fir de Sozialdialog?
Haut huet den Aarbechtsminister zwou bilateral Reuniounen: eng mat de Gewerkschaften an eng mam Patronat. Wat ass dovun ze erwaarden? Froen un d'Nora Back, Presidentin vum OGBL.
Grippesaison mat Kanner: Wéini bei den Dokter?
De President vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren, Serge Allard, erkläert op wéi eng Symptomer ee soll oppassen - a firwat déi nei Recommandatioun fir ze impfe gutt ass.
Nei Chipkris: 85 Prozent vun der Produktioun vun IEE kéint betraff sinn
Wa fir déi nei Chipkris keng séier Léisung fonnt gëtt, da wäert et an den nächste Wochen och ee groussen Impakt op d’Produktioune vu vereenzelte Lëtzebuerger Entreprisë ginn.
Eventtipp: Buedem, Bauzen a Biobaueren
Haut den Owend organiséiert SOS Faim Lëtzebuerg a Biovereenegung eng Filmvirstellung vum Film Buedem, Bauzen a Biobaueren.
De Chrëschtbam op der Plëss kënnt vu Schëffleng
Bal zwee Méint virun der Zäit gouf op der Plëss de Chrëschtbam opgeriicht. Dëst Joer kënnt dee vu Schëffleng.
Nei Episod am Zeenewiessel: E Gespréich mam Léonardo Kahn
An där neier Zeenewiessel-Episod geet et dorëms, wat sech zu Lëtzebuerg an der Plattformeconomie ännere kéint.
Auditioune fir de Luxembourg Song Contest
D’Sich no engem Lëtzebuerger Vertrieder oder enger Vertriederin fir de Eurovision Song Contest d’nächst Joer huet ugefaangen.
Den neie Guide vun den Autopedesteren ass do
An der Editioun 2025 vun deem traditiounsräiche Guide fënnt ee Kaarte vun 202 Spadséier- a Wanderweeër uechter d'Land.
The Deal
D'Serie ronderëm d'Verhandlungen iwwer en Atomofkommes mam Iran am Joer 2015, déi een am Moment an der ARTE Mediathéik kucke kann, ass eng Lëtzebuerger Koproduktioun.
D'Kannervertrieder aus der Jean-Jaurès-Schoul
An der Jean-Jaurès-Schoul zu Esch ginn all Trimester Kannervertrieder gewielt. Op déi Manéier sollen d'Schüler fréi léieren, wat et heescht eng Stëmm ze hunn a matzebestëmmen.
Bréckebau zu Beetebuerg
Eng 60 Meter laang Bréck iwwert der A3 verbënnt nees d'Beetebuerger Wunnquartiere mam Erhuelungsgebitt
Eventtip: Den Eltere Café
E flotte Kader fir iwwert d’Erzéiung vun de Kanner ze diskutéieren, aner Elteren ze treffen,Tuyauen austauschen, sech ze informéieren
D'LSAP an Tempo 30
D'Vitess-Limitatioun an den Uertschafte stoung am LSAP-Walprogramm. Wat ass aus där Fuerderung ginn? Dozou d'Presidentin vum LSAP-Gemengeforum Simone Asselborn-Bintz.
Fro vun der Woch: Tempo 30
Soll een d'Vitess an den Uertschafte generell op 30 km/h limitéieren? D'Paule Rodesch mecht eng Synthes vun de (ville) Reaktiounen, déi am Laf vun der Woch erakoumen.
Den neien Asterix ass do
Wéi huet "Astérix en Lusitanie" sech den 1. Dag verkaaft? Dat hu mer de Paul Ernster gefrot, dee fir seng Librairien 1500 Exemplairë bestallt hat.
Wann Hënn no vermëssten Déiere sichen
D’ASBL Sichhënn bidd Hëllef fir déi Leit déi hiert Hausdéier vermëssen. Am heefegsten siche si dobäi no Hënn oder Kazen déi verluer gaange sinn.
Eventtipp: Hexen & Legenden
Dëse Freiden am Nomëtten, ass zu Käerch am Gréiweschlass eng méi lass, da geet et do nämlech ëm Hexen an Legenden. Et ginn hei Workshops, Liesungen an och Live Musek.