Ganz vill Variatioun, esou kann een d’Saison 2026/2027 vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck iwwerschreiwen. An dobäi gëtt op en Neits fir déi nächst Saison ganz vill op “Community and Participation” gesat.
Ganz vill Variatioun wëllt heeschen, datt Kreatiounen a Co-Produktiounen um Programm stinn a Variatioun heescht awer och, datt Spektakelen a véier Sproochen ugebuede ginn: Franséisch, Däitsch Englesch a Lëtzebuergesch. A wa mir vu Kreatioune schwätzen, ganz spannend dierft d’Kreatioun “Die sieben Todsünden” vu Kurt Weill a Bertolt Brecht am Februar d'nächst Joer ginn.
Detailer dozou an iwwer de ganze Programm huet de Jean Claude Majerus bei der Directrice Artistique vum CAPE Ana Maria Tzekov nogefrot.