Fir hir 20 Joer ze feieren hëlt d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg - a léisst Deeler vu Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen an der Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
Den Ufank mécht dës Woch Monophona - a mir lauschteren an dësem drëtten Deel, wéi Monophona wärend hirer Karriär op ee skrupellose Booker an ee léiwe Label gestouss sinn.