Grouss Première op de renomméierte Rencontres de la photo zu Arles: bei der aktueller 57. Editioun sinn eng alleréischte Kéier Fotoe vum Edward Steichen ze gesinn! Méiglech gemaach huet dëst Lët’z Arles. D’ASBL, déi déi Lëtzebuerger Fotografie um Festival vertrëtt, feiert dëst Joer ee ronnen zéngte Gebuertsdag a wollt an deem Kontext eppes Besonnesches proposéieren. Si hu Vertrieder:innen vun eisen nationale Kulturinstitutiounen, déi Edward-Steichen-Kollektioune versuergen, plus d’Steichen-Famill aus Amerika un een Dësch bruecht a gemeinsam d’Expo “La nature d’Edward Steichen” ausgeschafft. Beim Steichen ass d’Natur näämlech omnipresent: net just op senge Fotoen, hie war och selwer e passionéierte Botaniker. D’Kerstin Thalau war fir d’Semaine de l’ouverture zu Arles an huet haut d’Cecilia Zunt-Radot, vu Lët’z Arles, an de Studio invitéiert.
arrow_back_ios
Kultur
E besonnesche Cadeau fir zeng Joer Lët’z Arles
Lauschteren
play_arrow
Och elo am Märeler Parc: La nature d'Edward Steichen (Foto: Foto Fotothéik VDL_Jessica Theis)
headphones
21 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
De gréisste jiddesche Ghetto an Europa
Zënter zwee Joer hunn Archäologe Ausgruewungen an der Géigend gemaach, wou de Warschauer Ghetto - dee gréissten an Europa - fréier eemol war.
Frida - The Making of an Icon
Eng grouss Ausstellung zu London weist, wei d'Frida Kahlo zum weltwäiten Phenomen ginn ass. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Rentrée littéraire: "Histoire d’amours" vum Serge Joncour
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
Luca de Dios - de amor y desamor
Eng Stëmm, eng Nylonsgittar, spuenesch Häerzfaseren an e puer nostalgesch, elektronesch Schieter bestëmmen d‘Songs vu senger kommender Plack „de amor y desamor“...
Rentrée littéraire: "Notre-Dame-des-Anges" vun der Célia Houdart
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
En Noruff op d‘Dolly Parton
D‘Dolly Parton ass als Country-Ikon bekannt, déi de Genre duerch eng Rëtsch grouss Hits an de Mainstream bruecht huet. Mee si war och Schauspillerin, Geschäftsfra a Philanthropin.
Rentrée littéraire: "La Grande Interruption" vun der Sibylle Grimbert
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
Rezensioun: Lambchop - "Punching the Clown"
Fir de 17. Lambchop-Album hat de Kurt Wagner, Leadsänger, eng absolut fantastesch Iddi.
"Ultramarin" vun der Ann-Christin Kumm
Ee Liestipp vum Valerija Berdi
"The Reverse Centaur‘s Guide to Life After AI" vum Cory Doctorow
Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
EUYO – European Youth Orchestra
EUYO ass d’Ofkierzung fir den European Union Youth Orchestra. Zënter 50 Joer ee vun de renomméiertsten Jugendorchesteren vun der Welt an de Jugendorchester vun der Europäescher Uni
Pop-Rock-Rentrée zu Lëtzebuerg
Fir all déi. déi zu Lëtzebuerg Musek liewen an otmen, huet de Marc Clement e puer Hierscht-Concerts-Rendezvousen, a kommend Releases vu Lëtzebuerger Museker zesummegedroen.
Cornelius - Refractions
De japanesche Museker, Produzent Komponist Keigo Oyamada ass zanter ronn 30 Joer de Cornelius, en elektronesche Museker gepräägt vun der japanescher City Pop Kultur.
Liestipp: Kim Ho-Yeon -Jae-yeons Reise ans Meer
Witzeg, sensibel, melancholesch a beréierend ...
"La dernière des Wilberforce" vun der Julia Kerninon
Eng Buchrezensioun vum Jeff Schinker
Smartglasses
Géint dës nei Tech Gadgete gëtt et elo ëmmer méi Widderstand. D‘Claire Barthelemy bericht vu London.
"Angel Down" vum Daniel Kraus
Eng Buchrezensioun vum Claire Barthelemy
"Transcription" vum Ben Lerner
Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
Zum Doud vum Robbie Martzen
De Lëtzebuerger Auteur Robbie Martzen ass gestuerwen. Mir erënneren un hien mat enger Buchrezensioun