Viru genee 10 Joer huet hie mat sengem Lidd “Squad” fir vill Opreegung gesuergt: d’Gebuertsstonn vum Lëtzebuerger Gangster-Rap kéint ee soen. Mee seng Zäit an der Ëffentlechkeet war relativ kuerz. D’Rumeur huet d’Ronne gemaach, datt de Rapper als Educateur géif schaffen a sech léiwer op dee Beruff konzentréiert. Wat gestëmmt huet an och haut nach ëmmer stëmmt.
Wéi geet et dem Bandana haut a wéi erënnert hie sech un déi ëffentlech Diskussiounen deemools. A wéi heescht hien iwwerhaapt mat biergerlechen Numm? De Simon Larosche huet mat him geschwat.