De Charel weess, wéi een onbemierkt op d'Buerg kënnt an huet do esou seng Tricker. Hien ass fir seng Spiichte bekannt, dofir dauert et bësse bis hie seng Iddi duerchgesat kritt. Mat gemëschte Gefiller lafen déi aner him no a ginn och direkt op d'Prouf gestallt: de Wee ass net einfach an d’Legend beseet, datt ee Geescht säin Onwiesen do dreift. Esou geet hir Aventure richteg lass.
Text: Naomi Eiro (mat der Hëllef vum Gabriel Pinto Monteiro)
Realisatioun, Montage a Produktioun: Tessy Troes
Tounopnamen, -gestaltung, Musik, Sounddesign: Chris Reitz
Tounmix: Cédric Fischer (Unison Studios)
Erzieler: Momo Sinner
Agathe: Lis Dostert
Bärbel: Rahel Jankowski
Abbes: Kevin Sousa
Charel: Lars Schmitz
Nopesch: Marie-Anne Reiter
Illustratiounen a Schrëftzoch-Design: Anne Gillen
Op der Buerg ass eng Une-Deux Produktioun fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7.