An zwar steet de Jos nees eng Kéier am Mëttelpunkt vun der Geschicht: "De Jos a säi Wiichtelalbdram". De Jos ass guer net frou, well seng Schwëster Nora huet eng komme gelooss an de Jos muss elo dofir riicht stoen. Elo direkt gitt dir dann och gewuer, wat d'Nora mam Jos mécht, datt dee bal un de Bord vun der Verzweiwlung kënnt, an dat grad op Chrëschtdag, wou jo gären gewichtelt gëtt. Maja déi Kéier huet d'Nora sech awer "verwichtelt", an de Jos muss drënner leiden.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
De Jos a säi Wichtelalbdram
Lauschteren
play_arrow
headphones
32 min
Episoden
Episod 6: Op der Buerg
D’Frënn packen et endlech hanner d'Mauere vun der Buerg an d'Agathe gëtt op d'Prouf gestallt
Episod 5: Wéi d'Kanner aus dem Duerf
Zeréck am Duerf fäerten eis Frënn, datt alles fir näischt war - bis si dem Elsi vun der Buerg begéinen
Episod 4: Wéi déi fein Herrschaften
Beim Abbes doheem mécht eng Këscht mat Stoftreschter de Frënn ganz nei Dieren op
Episod 3: Mat vill Courage
D’Bärbel konnt schonn ëmmer gutt bauen, mee säi Plang fuerdert d’Frënn all eraus
Episod 2: Op geheime Wee
De Charel weess, wéi een onbemierkt op d'Buerg kënnt an huet do esou seng Tricker
Episod 1: D'Aventure rifft
D'Agathe kritt mat, datt op der Buerg eng méi lass ass. Hatt trommelt seng beschte Frënn aus dem Duerf zesummen, fir e Wee laanscht déi grouss Paart ze fannen
Op der Buerg: Trailer
Déi véier Kanner Agathe, Abbes, Bärbel a Charel ginn op grouss Aventure. An hirem klengen Duerf ass 1826 net esou vill lass - bis si gewuer ginn, datt op der Buerg iwwer dem Duerf e Fest ass a si sinn net agelueden!
D’Pechschwéngchen léiert zauberen
D’Pechschwéngchen Hannes ass iwwerzeegt: Haut léiert hien zauberen! Mat engem alen Zauberbuch vu sengem Bopa probéiert hien déi éischt Zauberspréch aus!
D’Pechschwéngchen a säi ganz groussen Optrëtt
D’Pechschwéngchen Hannes dierf bei engem grousse Concert an der Philharmonie mat sengem Triangel optrieden.
D’Pechschwéngchen ass verléift
Dem Pechschwéngchen Hannes säin Häerz schléit op eemol vill méi séier wéi soss: Hien ass verléift an d'Lotti vum klengen Hiwwel.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E06: Frënn fir ëmmer
Et fänkt un däischter ze ginn, an do steet op eng Kéier eng Gestalt an der Dier ... an néitscht.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E05: D'Méck
E komescht Klappen un der Fënster léisst d'Tippy an de Pluto opschrecken. Ass do en neit Monster, dat an déi kleng Kummer am klengen Haus era wëllt?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E04: Zauberei
Eis zwee luusseg, muusseg Monstere kommen dem Geheimnis vum Derrick sengem Verschwannen ëmmer méi op d'Spuer. Si entdecken en neien Zaubersproch.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E03: Eng Sträif Hackabullibräi
Um Buedem entdeckt d'Tippy Grimmelen, déi bei d'Dier féieren. De Pluto schmaacht eng Grimmel. Déi huet e Goût, deen si ganz gutt kennen. Villäicht huet den Derrick e Message hannerlooss, sou wéi beim Hänsel a Gréidel?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E02: Den Derrick ass fort
Mat frëschem Courage fille sech eis luusseg, muusseg Monsteren nees besser, mee op eng Kéier mierken si, datt si just nach zu zwee sinn.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E01: Grujeli
Eis dräi luusseg, muusseg Monstere wëssen elo, datt et net esou einfach ass, e Mënsch richteg ze erféieren. Si liesen am grousse Monsterbuch, datt jiddereen e Grujeli huet a sangen zesummen, fir sech Mutt ze maachen.
De Mukami zu Paräis
Elo dann eng nächst Etapp am Mukami sengem Liewen, de Pit a seng Mamm maachen e Weekend zu Paräis an se huelen de Mukami mat an d’Stat vum Eiffeltuerm. Mengt der dat géif da riicht aus goen?
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E06: Leila
Endlech ass d'Leila do. Hat kënnt an d'Zëmmer, mee hat ass ganz anescht wéi d'Monsteren et sech et erwaart hunn.
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E05: D'Monstere kréie Besuch
D'Tippy, den Derrick an de Pluto kréie Besuch vun engem zottelege Wiesen, dat hinnen e Kaddo hannerléisst: en Dëppche Stoffi. Elo kann den Derrick en neit Hackabullibräi-Rezept ausprobéieren. Et gëtt nees gekacht.