D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or. De Projet kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Regierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat d’Zukunft vun de Spideeler? A wéi grouss gëtt d’Konkurrenz tëschent Klinicken a privaten Initiativen?
Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman.