Et ass okay net ëmmer disziplinéiert ze sinn, natierlech. Mee wann ee seng Ziler erreeche wëllt, brauch et dann awer e bëssi dovun. An dann och nach Uni ofgebrach, jonk Papp ginn ... de Ricardo Prosperi huet e wäite Wee hanner sech. An awer: Näischt war eng méi grouss Erausfuerderung wéi sech der Trauer, nom Doud vun engem noe Mënsch, ze stellen, erzielt dee jonken Entrepreneur dem Luc Spada bei Fiasko Fest. A gläichzäiteg weess een duerno: Esou séier kann een näischt méi beandrocken. Méi schlëmm geet et jo awer sécher net, oder?
arrow_back_ios
Fiasko Fest
S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi
Lauschteren
play_arrow
De Ricardo Prosperi (Foto: Luc Spada)
headphones
50 min
Episoden
S03E40 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa
D’Julie Costa ass komesch, esou bezeechent d’Chargée de communication an Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer.
S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz
Et geet natierlech ëm d'Politik, awer och ëm e Stalker an een Owend aus dem Joer 2019, bei deem si sech nach un alles erënnere kann.
S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin
Den Edwin Aldin ka villes an näischt.
S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling
D’Schauspillerin a Comedian ass ëmmer bëssen ze spéit.
S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live)
An der éischter Editioun vu Fiasko Fest Live, hat de Luc Spada de Laurent Agostino op Besuch.
S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim
De Laurent Prim iwwert d'Vergiessen
S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz
D’Simone Asselborn-Bintz erënnert sech bei Fiasko Fest un hire leschte Shitstorm.
S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi
De Ricardo Prosperi léisst sech esou séier net méi beandrocken.
S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet
Eng Saach ass kloer: Kriibs ass fir näischt ze gebrauchen!
S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven
D'Marianne Donven huet hir privat Besoinen ofgeschaaft.
S03E31 Heiansdo deet et wéi: Tania Brugnoni
Et geet dës Kéier och nees ëm déi donkel Stonnen, an deenen d’Hoffnung eleng net méi dréit. Awer net nëmmen
S03E30 Heiansdo deet et wéi: Lena Rocca
Vill Sport, als Model schaffen, un enger E-Sport Weltmeeschterschaft deelhuelen, awer och eng Karriär als Sängerin ustriewen a studéieren. D’Lena Rocca mécht vill.
S03E29 Heiansdo deet et wéi: Jessica Lopes
D’Jessica Lopes passt haut besser op wéi fréier.
S03E28 Heiansdo deet et wéi: Christophe Reitz
De Christophe Reitz ass heiansdo streng. Matt sech selwer.
S03E27 Heiansdo deet et wéi: Krick
Zombie sinn oder Superstar ginn? D’Krick huet sech entscheet.
S03E26 Heiansdo deet et wéi: Alessia Bicchielli
Heiansdo huet ee keen anere Choix, wéi sech Hëllef ze huelen.
S03E25 Heiansdo deet et wéi: François Benoy
Et geet ëm d'Engagement an dorëms d'Welt e bësse besser ze maachen.
S03E24 Heiansdo deet et wéi: Ninon
D’Sängerin huet vill ze soen an och vill erlieft. Dat war net ëmmer einfach, haut geet et hier awer gutt.
S03E23 Heiansdo deet et wéi: Laura Ferber
Et geet ëm Hoer, souvill sief verroden. Hoer schneide ka si selwer leider net an den Dram vum Model gouf iergendwann ënnerbrach.