An dëser Episod dauche mir an déi donkel Momenter vum Liewen an. De Luc Spada schwätzt mam Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen iwwer d'Dualitéit vum Liewen. Wéi et sech ufillt tëschent Depressioun a Freed, wéi et ass, wann een net méi aus dem Bett kënnt a wat et heescht, wann en déi eege Passioun zwar iwwert alles gär huet, mee och zu engem Bandscheiwevirfall féiere kann. Mir schwätzen iwwert d'Liewensleef vu Leit, déi et net ëmmer einfach hunn, mee trotzdeem sécher sinn: Et lount sech.
arrow_back_ios
Fiasko Fest
100komma7.lu
/ Fiasko Fest
/ S02E26 Mir scheiteren ëmmer nach: Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen
S02E26 Mir scheiteren ëmmer nach: Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen
headphones
55 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

S02E26 Mir scheiteren ëmmer nach: Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen
Et geet ëm déi däischter Momenter am Liewen a Situatiounen, déi net esou einfach sinn, mee awer och ëm d'Erkenntnis, datt et sech trotzdeem lount.

S02E25 Mir scheiteren ëmmer nach: Anne Reding a Julie Conrad
Et geet ëm den Ënnerscheed tëschent Konscht an Design an dorëms, wéi ee Kultur kann zougänglech maachen.

S02E24 Mir scheiteren ëmmer nach: Christophe Strotz an Jeremy Palluce
Wat kënnt nach alles, a wou well een hin?

S02E23 Mir scheiteren ëmmer nach: Chantal Gary a Sandra Biewers
Et geet ëm den Éiergäiz an den Optimismus.

S02E22 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Kohn a Patrick Galbats
E Gespréich iwwer Suen a Prioritéite setzen.

S02E21 Mir scheiteren ëmmer nach: Gilbert Pregno a Sahra Mandres
En Episod voll mat Emotiounen

S02E20 Mir scheiteren ëmmer nach: Antoine Grimée a John Wolter
E Gespréich, dat net un Tréinen an Déift spuert. Awer och Humor an Hoffnung fannen hir Plaz.

S02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis
E Gespréich iwwer Plattformen an Ziler

S02E18 Mir scheiteren ëmmer nach: Alain Welter an Anny Keller
Wou fillt een sech wuel, a wéi ännert dat iwwert d'Joren?

S02E17 Mir scheiteren ëmmer nach: Anouk Faber an Florence Sunnen
Et geet ëm d'Liewen, den Doud an och Europa.

S02E16 Mir scheiteren ëmmer nach: Georges Metz a Josée Lorsché
E Gespréich doriwwer, wou d'Engagement hierkënnt, an datt ee sech heiansdo net dierf verbéie loossen.

S02E15 Mir scheiteren ëmmer nach: Christiane Kremer a Luan Lamberty
E Gespréich iwwer Theemen, iwwer déi een am léifsten net méi schwätze géif.

S02E14 Mir scheiteren ëmmer nach: Magaly Teixeira a Yannick Muller
Fir datt eppes geschéie kann, muss et heiansdo wéidoen.

S02E13 Mir scheiteren ëmmer nach: Chantal Maquet a Frank Wies
Eng Sendung iwwer Moral, Recht, Strof, Verzeiung, awer och iwwer Muppen an d'elengsinn.

S02E12 Mir scheiteren ëmmer nach: Elise Schmit a Sacha Hanlet
E Gespréich iwwer d'Angscht vum Elengsinn an de Virdeel vun Echecken

S02E11 Mir scheiteren ëmmer nach: Antoine Pohu
Dës Kéier ass et just een Invité, mat deem iwwer Ängscht, Succès an d'Schreiwe Rieds gaangen ass.

S02E11 Mir scheiteren ëmmer nach: Monica Semedo a John Happi
Et geet drëms keng Angscht virum Scheiteren ze hunn an d'Fro: Wat hätt ee kéinte besser maachen?

S02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier
Et geet ëm eng besser Welt an dorëms sech voll a ganz enger Saach ze verschreiwen.

S02E09 Mir scheiteren ëmmer nach: Mia Kinsch an Tom Hecker
Et geet ëm Konscht, Feminismus, plakeg sinn an Haass aus dem Internet.
