D'Anne-Marie Reuter an d'Karolina Markiewicz schaffe mat Wierder a sinn och Proff. Allenzwee sinn dankbar, datt si am Alldag kënnen am Kontakt mat jonke Leit sinn, sichen awer och de kënschtlereschen In- an Output.
Zesumme mam Luc Spada féieren déi zwee Invitéeën en déift, och net ëmmer einfacht Gespréich iwwer d'Gesellschaft, d'Konscht an och d'Frustratioun vum Moment, wat een oder wat een och net dogéint maache kann.