Mat sengem neiste Projet "Freedom Trail" schléit de Reis/Demuth/Wiltgen-Trio en neie Wee an. Zesumme mat der Luxembourg Philharmonic, dem Arrangeur a Dirigent Vince Mendoza an dem renomméierte Saxofonist Joshua Redman hu si hir Kompositiounen an engem symphonesche Kontext nei interpretéiert. D’Resultat ass en aussergewéinlechen Album, deen de charakteristeschen Trio-Sound mat der räicher Klangwelt vun engem Orchester vereent a gläichzäiteg nei musikalesch Perspektiven opmécht.
Playlist:
01. Freedom Trail
02. Never seen again
03. Cross Country
04. Catherine’s Song
05. Viral
06. Dante
07. Where the heart beats