De Centre Culturel Opderschmelz huet sech zanter senger Ouverture den 7. Dezember 2007 eng zolidd Reputatioun als ee vun de wichtegste Standuerter fir Live-Concerten opgebaut. Dat freet virun allem d’Jazz-Afficionados, déi kommen hei besonnesch op hir Käschten. An der Emissioun vum 26. Juni war d’Bookerin Patricia Jochheim am Studio op Besuch, déi dono an hir wuelverdéngte Pensioun gaangen ass. Den Danny Epstein ass hire Nofollger; hien ass beim Jeff Herr am Studio, fir de Concertsprogramm vum Enn vum Joer ze presentéieren.
arrow_back_ios
Een zwee Jazz
Een Zwee Jazz
Lauschteren
play_arrow
headphones
184 min