De Chris Potter presentéiert mat "Alive With Ghosts Today" en neie Projet, dee sech ëm d’Figur vum John Brown dréit. De Brown war en amerikaneschen Abolitionist, deen 1859 mam Iwwerfall op Harpers Ferry probéiert huet, e bewaffneten Opstand géint d'Sklaverei auszeléisen.
Fir de Chris Potter ass dës Geschicht den Ausgangspunkt fir eng Suite, déi sech mat der amerikanescher Geschicht a mat de Spannungen an der Gesellschaft beschäftegt.
Fir dësen Album huet de Potter eng speziell Besetzung zesummegestallt. Amplaz vun engem klassesche Piano-Quartett héiert een hei Gittar, Bass, Batterie, Gei, Klarinett an Trombone. Doduerch kritt d’Musek eng Mëschung aus modernem Jazz, Folk, Blues an Americana.
Playlist:
1. Chris Potter - Alive With Ghosts Today 1
2. Chris Potter - Osawatomie Brown
3. Chris Potter - The Heavens In Scarlet
4. Chris Potter - Sister Annie
5. Chris Potter - This Earth Would Have No Charms For Me
6. Chris Potter - Into Africa
7. Chris Potter - Mine Eyes
8. Chris Potter - Alive With Ghosts Today 2
9. Andy Kirk - Until the Real Thing Comes Along