Mat sengem zweeten Album “All The Others“ bestätegt den däitsche Jazzpräis-Gewënner, Trompettist a Komponist Jakob Bänsch säi Status als ee vun de villverspriechendste Museker vun der jonker europäescher Jazzgeneratioun.
Den Nick Smart an den John Daversa hunn et fäerdegbruecht, en exzellente Grupp ze forméieren, fir déi eenzegaarteg Partiture vum Trompettist, Komponist a Bandleader Kenny Wheeler op faszinéierend Aart a Weis ze interpretéieren an opzehuelen.