Den neie Projet vun der belscher Pianistin Margaux Vranken, mam Titel “Constellations“, bréngt si zesummen eraus mat der amerikanescher Sängerin Farayi Malek, déi 2023 fir e Grammy nominéiert gouf.
Zanter méi wéi 20 Joer huet sech den Alexi Tuomarila e groussen Numm an der europäescher Jazzzeen gemaach. Hien ass bekannt fir seng virtuos Improvisatiounen, seng skandinavesch inspiréiert Kompositiounen a seng energiegeluede Grooves, déi un e.s.t. erënneren. Besonnesch duerch säi laangjäregt Zesummespill mat zwee aussergewéinleche Museker - dem norwegesche Bassist Mats Eilertsen an dem finnesche Batteur Olavi Louhivuori - huet hie säin eegene musikalesche Stil entwéckelt. “Departing The Wasteland“ heescht säin neien Opus.