Die musikalische Hintertreppe
Zero Minutes, Zero Seconds
7 min
Musekerinnen a Museker spille meeschtens vun Nouteblieder of. Beim John Cage sengem Wierk 0’00 sti keng Nouten um Pabeier, mee ee Saz. Dorop schreift hien, datt een eng “disziplinéiert Aktioun” maache soll. Dobäi gëtt de Piano net ugepaakt, et ass gréisstendeels roueg, an d’Interpretin oder den Interpret mécht eppes mat sengen Hänn, wéi um Handy tippen oder Neel feilen. Ganz einfach gesot: et ass experimentell Musek. De Joachim Fontaine erzielt méi iwwer dem John Cage seng Kompositioun.
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine