D‘Lydie Schmit, gebueren den 31. Januar 1939 zu Esch-Uelzecht war Lycéesproff, am Ufank an enger Privatschoul, duerno am Lycée Hubert Clement zu Esch. Duerch Kontakter zu Parteien a verschidde Gewerkschaften, huet si sech vu 1970 un an der LSAP engagéiert, gouf 3 Joer méi spéit Vizepresidentin a war vun 1974 bis 1979 Presidentin. Wärend hirem politeschen Engagement war si e.a. am Schëfflenger Gemengerot, an der Chamber wéi och am Europaparlament. D‘Lydie Schmit ass de 7. Abrëll 1988 am Alter vu 49 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 87 Joer koum d'Lydie Schmit op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.