arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 85 Joer koum d'Micky Bintz-Erpelding op d'Welt
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer gouf si als Marie-Micheline Erpelding zu Esch-Uelzecht. Bestuet war si mam Schauspiller a Sänger Aly Bintz. Vun 1960 u war d‘Micky Bintz-Erpelding fir 20 Joer Speakerin bei Radio Lëtzebuerg. Aktiv war si am Theater, huet gesongen, e Musical fir Kanner geschriwwen a Märercher iwwersat. Politesch war si zu Esch-Uelzecht an der LSAP aktiv. D‘Micky Bintz-Erpelding ass den 20. Juli 2000 gestuerwen.