Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

search / Concert

/ "Sie ging ja nur vorbei"

"Sie ging ja nur vorbei"

Am opus 100,7-Podcast “The Dora Journey” gouf scho vill iwwer d’Dora Pejačević erzielt. Mee elo schwätzt d’Komponistin selwer duerch hir Tagebicher a Bréiwer. D’Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege verkierpert d’Komponistin, an den Trio Dora ënnermoolt déi perséinlech an intim Ablécker an déi opreegend Liewensgeschicht mat Kammermusekswierker vun der Dora Pejačević.

Um Programm:
Dora Pejačević (1885-1923):
Dora Pejačević Trauermarsch op.14 (Extrait)
Trio op. 15: I. Allegretto “Warum” op.13
Trio op. 29: II. Scherzo - Trio (Extrait)
Trio op. 29: III. Lento - Allegretto (Extrait)
Klage (Sechs Phantasiestücke op.17/4)
«Verwandlung» op.37a (arr. Trio Dora)
Grazioso (Walzer-Capricen op.28/2)
«Ich glaub lieber Schatz» op.30/3
Trio op. 29: IV. Finale
Trio op. 29: I. Allegro con moto
Trio op. 15: III. Adagio

Interpreten:
Fabienne Elaine Hollwege, Schauspillerin
Trio Dora (Carole Mallinger-Leyers, Gei; Yves Tordy, Cello; Annalena Castagna, Piano)

Dësen Optrëtt gouf den 23. November 2024 am Mierscher Theater opgeholl. D'Opnam ass nach bis de 7. Januar 2025 disponibel op www.opus.radio

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Verkannte Bijouen

Dem Schubert seng éischt Geiesonate goufen zu senger Zäit net eescht geholl. Datt se trotzdeem derwäert sinn, gelauschtert ze sinn, dovu kann ee sech bei dësem Concert iwwerzeegen.

Concert fir nozelauschteren

Léift fir dem Schumann seng Musek

Zwou éischt Sinfonien

D'Wiener Philharmoniker spillen déi éischt Sinfonie vum Anton Bruckner an déi éischt vum Robert Schumann

Leonard Bernstein an ee Wierk voller Léift

"Wat ass déi richteg Léift?" - froen dem Platon seng Kolleegen am Symposion. De Leonard Bernstein huet deem griichesche Philosoph seng Iwwerleeungen a Musek gesat.

E Bléiserquintett an der Salle de Musique de Chambre

Um Programm: Wierker vum Zemlinsky, Haas a Brahms.

Indian Summer

E Concert aus der Philharmonie mam OCL, der Geiistin Alena Baeva an der Dirigentin Chloé van Soeterstède.

Een Owend mat Tchaikowski

Manfred-Sinfonie: Russesch Romantik, déi an de Concertssäll zu senger Zäit fir vill Begeeschterung gesuergt huet.

Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Ee Concert mam Leipziger Gewandhausorchester.

De Rising Star Sào Soulez Larivière

Huelt mat eis Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert de Concert vum jonke Braatschist Sào Soulez Larivière. Mat Commentaire vum Lex Kauffmann

E grousse südkoreanesche Pianist an der Philharmonie

De Seong-Jin Cho spillt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker Wierker vu Ravel, Chostakovich a Prokofiev

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

"Klangrausch"

Den RIAS Kammerchor an d'Capella de la Torre interpretéiere Wierker, déi am 16. a 17. Joerhonnert fir de Petersdoum zu Roum an de Markusdoum zu Venedeg geschriwwe goufen.

Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

Huelt Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert ee Concert vum Orchestre de la Suisse romande ënnert der Direktioun vum Jonathan Nott. Duerch de Concert guidéiert den Remy Franck.

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

Den Alpesh Chauhan an den Andris Poga dirigéieren den Nationale Sinfonieorchester vun der italieenescher RAI.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Mozart made in Manchester

Huelt zesumme mam Joachim Fontaine Plaz am radio 100,7- an opus 100,7-Concertssall a genéisst dëse Concert vu Manchester.

Strauss, Bruch a Wagner

En däitsche Komponisten-Trio am Géigesaz zu der franséischer Komponistin Mel Bonis.