Concert
Verkannte Bijouen
Déi fréi Wierker fir Gei a Piano vum Franz Schubert sinn nach vu senge Proffe beaflosst a weisen de Versuch sech um Wiener Marché géint d'Klassiker Mozart a Beethoven ze behaapten. An och wa se well eng ganz Rëtsch Qualitéite vum spéidere Schubert hunn, goufe seng éischt Geiesonaten zu Liefzäiten net publizéiert. Réischt no sengem Doud si se ënner dem Titel "Sonatinen" verëffentlecht ginn. Ganz am Kontrast dozou, sti seng spéit Wierker, mat engem méi viruos-experimentelle Charakter.
Dës musikalesch Entwécklung beschreiwen d'Geiisten Maria Florea an Abel Tomas zesumme mat de Pianisten Alex Ramirez an Emma Stratton an engem Live-Matschnëtt, deen de katalanesche Radio am Klouschter Vilabertran opgeholl huet.
Lauschtere kënnt Dir dëse Concert mat Commentairë vum Remy Franck nach bis de 5. Mäerz 2025 ënner www.opus.radio - Dem Klassik Webradio vum 100,7.
Programm:
Franz Schubert (1797-1828):
• Geiesonat a Re Majeur, D.384
• Geiesonat a sol mineur, D.408
• Geiesonat a La Majeur, D.574 ("Grand Duo")
• Geiesonat a la mineur, D. 385
• Rondo a si mineur, D. 895 ("Rondo brillant")
• Fantasie an Do Majeur, D. 934 fir Gei a Piano
Interpreten:
• Maria Florea, Gei
• Alex Ramirez, Piano
• Abel Tomas, Gei
• Emma Stratton, Piano
Presentéiert vum
- Remy Franck