Vum Urknall virun 13,7 Milliarde Joer iwwer d’Entwécklung vum eisem Sonnesystem an d’Entstoe vun eiser Äerd bis zum éischte Liewen an d’Evolutioun dovu bis haut, bitt d’Ausstellung am Naturmusée e faszinéierenden Abléck an d’Evolutiounsgeschicht vun eisem Heemechtsplanéit. Viru ronn 4,5 Milliarde Jore war eis Äerd nach eng gliddeg Feierkugel, haut liewen hei Millioune vun Déieren an honnertdausend Planzenaarten. Entdeckt wéi d’Liewen entstanen ass a sech iwwer Millioune Joren entwéckelt huet: Eng Visitt vum Naturmusée senger Ausstellung bitt eng spannend Rees duerch Zäit an de Beweis, wéi eenzegaarteg eise Planéit ass.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté