„Wer nach dem Sinn des Lebens fragt, ist krank“. Den Sigmund Freud war dovun iwwerzeegt, dass ee krank ass, wann ee sech mam Sënn vum Liewen ausernee setzt. Haut ginn d’Meenungen éischter an eng aner Richtung: All Mënsch huet ee Bedürfnis no Sënn. Et geet awer net dorëm, ee Sënn ze sichen oder op een ze waarden, mee e selwer ze konstruéieren. Dobäi ginn et verschidden Niveauen déi eng Roll spillen. Eng dovun ass d'Kohärenz: Dat bedeit, dass ee senge perséinleche Wäerter trei bleift an doduerch d’Gefill vun engem roude Fuedem huet, deen sech duerch d’Liewen zitt. Eng aneren Niveau ass d’Orientéierung, wou et em Ziler an Tëschenziler geet, déi engem d’Richtung am Liewe weisen. Dann kann een och duerch Bedeitsamkeet ee Sënn erliewen. Dat heescht, dass een zum Beispill Deel vun engem wichtege Projet ass oder sech selwer verwierkleche kann. De véierten Niveau ass d'Dozougehéieren. Hei komme Famill, Partnerschaft a Kolleegen an d’Spill. Deel vun enger Grupp ze sinn, kann och zu Sënnerfëllung féieren.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Familljen-Center
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
Kannermusée Plomm
An der Summersaison vum Kannermusée Wolz "On the move” geet et ëm d’Reesen.
Gero - Kompetenzzenter fir den Alter
Fokus Workshop: Gediechtnestraining a Preventioun
Familljen-Center
Wann een an eng Berodung oder Therapie geet, geet ee mat engem anere Mënsch eng Bezéiung an. Dës Bezéiung huet awer deelweis aner Eegenschafte wéi déi alldeeglech Bezéiungen.
EwB - ErwuesseBildung
Den David Bowie ass 1976 zu Berlin ukomm. Hie sicht hien no sech selwer a gëtt ganz kreativ. Dat gouf an engem Comic opgegraff, deen den 11.06. an der EwB presentéiert gëtt.
Bee Secure
Ecranen doheem: wéi Famillen eng gutt Balance fannen - mat klore Reegelen no Alter.
Naturmusée
Am Süde vu Lëtzebuerg gëtt et Gestengsschichten, déi weltwäit Opmierksamkeet op sech zéien an dowéinst elo Theema vun engem internationale Wëssenschaftler:innen-Treffe sinn.
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Mäi Kand kuckt keng Pornoen – oder dach?
CID | Fraen an Gender
Den CID Fraen a Gender invitéiert den 18. Juni op eng Soirée an der CID Bibliothéik zum Sujet Schéinheetsdrock, Sozial Medien a feministesch Interventiounen.
Erzéiungs- a Familljeberodung
Fair Play - am Interessi vun de Kanner
Initiativ Liewensufank
Seit 40 Jahren Familien begleiten - Wie sich Initiativ Liewensufank für Eltern und Kinder in Luxemburg engagiert
Kannermusée Plomm
De Musée riicht sech och mat enger Offer un déi Erwuessen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung.
Gero - Kompetenzzenter fir den Alter
Wichtegkeet vun der Beweegung am Alter
Familljen-Center
Kannerbicher iwwert Trennung a Scheedung.
EwB - ErwuesseBildung
Um Weekend vun den oppene Kierchen (5.- 7.Juni) geet et ëm d'Monumenter, déi an oder bei de Kierchen ze fanne sinn. 68 Kierche maache mat.
Naturmusée
Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg am Naturmusée
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
A wéi wäit huet eise Medienkonsum, kuerz virum Schlofe goen, en Afloss op eise Schlof?