2025 geet op en Enn a mir notzen dëse Moment fir op déi feministesch Erfolleger vum Joer zeréckzekucken. Mir strotzen den antifeministeschen Tendenzen a konzentréieren eis op déi Momenter, déi de Kampf fir Geschlechtergerechtegkeet weiderbruecht hunn. Well där goufen et der méi wéi op den éischte Bléck siichtbar. Wat fir kleng a grouss Meilesteng ass de Feminismus 2025 zu Lëtzebuerg gaangen? Doriwwer schwätze mir mat der Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender. (www.cid-fg.lu)
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
2025 - Ee feministescht Joer?
Lauschteren
play_arrow
(Foto: picture alliance / IPON | Stefan Boness)
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil