All Joer am November fierft sech d’Welt orange - eng Faarf, déi e staarkt Zeeche géint Gewalt géint Fraen a Meedercher setzt. Ënner dem Motto “Orange the World” mécht och Lëtzebuerg mat bei der sougenannter Orange Week. Ëffentlech Gebaier ginn orange beliicht, Organisatiounen a Gemengen organiséieren Aktiounen, Workshoppen an Eventer fir op dat wichtegt Theema opmierksam ze maachen. D’Orange Week ass Deel vun enger weltwäiter UNO-Campagne an erënnert drun, datt Gläichstellung an de Schutz viru Gewalt nach laang net selbstverständlech sinn - och net zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté