arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ GERO Kompetenzzenter fir den Alter

GERO Kompetenzzenter fir den Alter

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Am Kader vum Projet DEEMOOLS sichen d‘Organisateuren aktuell motivéiert Fräiwëlleger, déi bereet sinn, hir Zäit a Passioun anzebréngen, fir eng wichteg kulturell an historesch Initiativ ze ënnerstëtzen. De gemeinsame Projet, vum Naturpark Uewersauer, dem Kompetenzzenter fir den Alter GERO, der Universitéit Lëtzebuerg an dem C²DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History), huet zum Zil, lieweg Erzielungen a perséinlech Erënnerungen aus verschiddenen Zäiten a Liewensberäicher opzehuelen a festzehalen.

Déi Geschichten, déi am Kader vum Projet gesammelt ginn, decken eng grouss thematesch Vilfalt of: vum gesellschaftleche Wandel iwwer d‘Liewen an der Stad oder um Land, bis hin zu perséinleche Momenter ronderëm Léift, Famill a Gemeinschaft. D’Zäitzeien, déi hir Erënnerungen deelen, droen esou dozou bäi, datt wäertvoll Stécker vun eiser kollektiver Geschicht erhalen an un zukünfteg Generatioune weidergi ginn.

D’Roll vun de Fräiwëllegen, déi d’Interviewe féieren ass dobäi besonnesch wichteg: si féiere Gespréicher, lauschteren no, hëllefe bei der Opnam an dokumentéieren d’Geschichten op respektvoll an empathesch Aart a Weis. Den Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter huet weider Detailer oder méi Informatiounen iwwer de Projet, an online op www.gero.lu.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Ëmmer erreechbar - Den Drock direkt ze äntwerten
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Keng Zäit fir ze liesen? Mir hätten do eng Iddi!
headphones

7 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljencenter

Wat géife Kanner hire Mamme schenken, wa si selwer entscheede kéinten?
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Jiddereen huet d’Recht op Informatioun an dofir mussen déi och a Gebäerdesprooch disponibel sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

An der Summersaison vum Kannermusée Wolz "On the move” geet et ëm d’Reesen.
headphones

4 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Fokus Workshop: Gediechtnestraining a Preventioun
headphones

5 min

play_arrow

Familljen-Center

Wann een an eng Berodung oder Therapie geet, geet ee mat engem anere Mënsch eng Bezéiung an. Dës Bezéiung huet awer deelweis aner Eegenschafte wéi déi alldeeglech Bezéiungen.
headphones

5 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Den David Bowie ass 1976 zu Berlin ukomm. Hie sicht hien no sech selwer a gëtt ganz kreativ. Dat gouf an engem Comic opgegraff, deen den 11.06. an der EwB presentéiert gëtt.
headphones

4 min

play_arrow

Bee Secure

Ecranen doheem: wéi Famillen eng gutt Balance fannen - mat klore Reegelen no Alter.
headphones

7 min

play_arrow

Naturmusée

Am Süde vu Lëtzebuerg gëtt et Gestengsschichten, déi weltwäit Opmierksamkeet op sech zéien an dowéinst elo Theema vun engem internationale Wëssenschaftler:innen-Treffe sinn.
headphones

7 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Mäi Kand kuckt keng Pornoen – oder dach?
headphones

6 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Den CID Fraen a Gender invitéiert den 18. Juni op eng Soirée an der CID Bibliothéik zum Sujet Schéinheetsdrock, Sozial Medien a feministesch Interventiounen.
headphones

4 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Fair Play - am Interessi vun de Kanner
headphones

6 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Seit 40 Jahren Familien begleiten - Wie sich Initiativ Liewensufank für Eltern und Kinder in Luxemburg engagiert
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

De Musée riicht sech och mat enger Offer un déi Erwuessen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Wichtegkeet vun der Beweegung am Alter
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Kannerbicher iwwert Trennung a Scheedung.
headphones

5 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Um Weekend vun den oppene Kierchen (5.- 7.Juni) geet et ëm d'Monumenter, déi an oder bei de Kierchen ze fanne sinn. 68 Kierche maache mat.
headphones

7 min

play_arrow

Naturmusée

Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg am Naturmusée
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

A wéi wäit huet eise Medienkonsum, kuerz virum Schlofe goen, en Afloss op eise Schlof?
headphones

7 min

play_arrow