Aus dem Liewen
Erzéiungs-v a Familljeberodung
4 min
Wann ee sech am Alldag befënnt, ginn déi positiv Momenter, déi een an a mat der Famill erlieft, dacks ënner. Mir kennen dat alleguer: Déi meescht Leit an och Kanner sinn heefeg Stress an och héijen Erwaardungen ausgesat. D'Deeg si voll an owes muss een och nach de Stot maachen oder Hausaufgabe begleeden a kontrolléieren. Fir positiv Erliefnisser mateneen ze hunn, waarde mir dacks op Vakanzen oder Ausflich, déi mir maachen a mir vergiessen, wéi wichteg och déi kleng Momenter sinn, déi een an der Famill positiv erliewe kann. Positiv Momenter kënne villes sinn: Am Wanter eng Taass waarme Schocki zesummen drénken, zesummen d'Hausdéier heemelen oder mol e Gesellschaftsspill spillen, et sinn déi kleng Momenter, déi eis spiere loossen, “mir sinn eis wichteg“, “mir halen zesummen“, “mir hunn eis gären a gehéieren zesummen“. An dovunner profitéieren d'Kanner am meeschten.
Explikatioune mat der Natascha Salomon, Diplom- Pädagogin a systeemesch Familljentherapeutin bei der Erzéiungs-a-Familljeberodung (www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu)
Presentéiert vum
- Pit Walté