Aus dem Liewen
BEE SECURE
5 min
Zanter Ufank vun der BEE SECURE Helpline ass den E-Crime Theema Nummer eent.
D’Leit klicken op e Link a ginn Donnéeë vun enger Kreditkaart, Passwierder oder de Luxtrust un, an da mierke se op eemol, datt Suen ofgaange si vum Konto, oder, datt si net méi an hir Social-Media-Konten erakommen, an datt Dommheeten iwwer de Profil verbreet ginn.
Et sinn esou an änlech Situatiounen, an deenen een als Affer da wierklech mol net méi esou roueg bleift, sech iwwerfuerdert fillt oder souguer schummt. D’BEE SECURE Helpline ass an esou Momenter fir een do, berouegt een a guidéiert een. BEE SECURE ënnersträicht awer och, wéi wichteg et ass de kritesche Bléck ze trainéieren.
Explikatioune mam Jeff Kaufmann vu BEE SECURE
Méi Tippe fannt Dir op der BEE SECURE Websäit: https://www.bee-secure.lu/de/risks/betrugsmaschen
Presentéiert vum
- Angie Maquil