Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
5 min
Geféierlech Männerbeweegungen an eng Konferenz zum Theema
D’Ofleenung vun der Fraenemanzipatioun a vun LGBTIQ+-Rechter verbënnt eng Rei Männerrechtsbeweegungen, déi gemeinsam hunn, datt si d’Virmuechtstellung vun de Männer schützen oder erëm hierstelle wëllen. Dobäi stelle si oppe Fraerechter a Fro an transportéieren och rassistesch an antisemittesch Iddien.
De CID | Fraen an Gender an d’Stad Lëtzebuerg invitéieren de 29. November den Tobias Ginsburg op Lëtzebuerg, Auteur vum Buch “Die letzten Männer des Westens“, fir dat hien undercover a verschiddene Männerbeweegungen a verschiddene Länner ënnerwee war. Hie versicht hei erauszefannen, wou d’Ängschten a virun allem de groussen Haass vun deene Männer hierkënnt an deckt eng gutt vernetzt, ressourcëstaark Beweegung op, déi eng reell Gefor fir eis Demokratie duerstellt. Invitée ass d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender (https://cid-fg.lu/event/internationalermaennertag)
Presentéiert vum
- Pit Walté