Mir sinn an eisem Archiv op een interessante Bäitrag vu Januar 2000 gestouss. D’Mick Entringer hat fir d’Emissioun “Zäitzeien” de Gilbert Stoos an de Claude Steffen op Besuch. Si hunn an den 1980er-Joren am Déngscht vun den Internationale Brigaden Hëllef am Nicaragua geleescht.
D’Land war no der sandinistescher Revolutioun an dem uschléissende Kontra-Krich, dee vu Säite vun den USA ënnerstëtzt gouf, op humanitär Hëllef ugewisen. Eng Geschicht vun internationaler Solidaritéit an Ënnerstëtzung