arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Foster The People - Paradise State Of Mind
Net méi just e One Hit Wonder, déi amerikanesch Indie-Pop-Band mëllt sech no enger Paus vu siwe Joer mat enger grousser a faarweger Plack.
Hamish Hawk - A Firmer Hand
Seng Lidder erziele Geschichten: De schottesche Singer-Songschreiwer Hamish Hawk begeeschtert mat "A Firmer Hand“, engem Konzeptalbum iwwer queer Bezéiungen.
Generéis bis an de Kär
Meshell Ndegeocello - No More Water - The Gospel of James Baldwin (Blue Note, 02.08.2024)
Alex Izenberg - Alex Izenberg and The Exiles
Op sengem véierten Album verbënnt deen amerikanesche Singer-Songwriter Retrosounds mat philosopheschem Storytelling.
RAH and The Ruffcats - Orile To Berlin
Tëschent Afrobeat a Soul, tëschent Nigeria a Berlin: Den Album "Orile To Berlin“ vun RAH & The Ruffcats passt perfekt an de Summer. Mat derbäi de Lëtzebuerger Perkussionist Jean-Luc Jossa.
Clairo - Charm
70s Soul a gebrachen Häerzer: op hirem drëtten Album “Charm” fënnt déi amerikanesch Musekerin Clairo hiren neie Sound.
Laughing - Because It's True
Laughing ass eng Supergroup aus Kanada, mat Membere vun Nap Eyes, Monomyth, Human Music a Fountains.
Loma - How Will I Live Without A Body
Am verschneiten engleschen Dorset ass den drëtten Album vum texaneschen Trio Loma entstanen. "How Will I Live Without A Body“ ass d‘Aarbecht vun enger Band, déi drop an dru war, ausernaner ze briechen.
Zsela - Big For You
Op hirem Debutalbum “Big For You” verbënnt déi amerikanesch Musekerin Zsela e Mix aus RnB an Indierock mat intimen Texter iwwer d’Léift.
Dumbo Tracks - Move With Intention
Eng eklektesch a kollaborativ Pop-Plack, déi mat ville Gaaschtmuseker:innen zu Köln entstanen ass.
John Grant - The Art of the Lie
Dee fréieren The Czars-Frontmann John Grant verschafft op sengem emouvanten neien Album "The Art of the Lie“ seng komplizéiert Bezéiung zu sengen Elteren – an zu senger Heemecht USA.
Bat For Lashes - The Dream Of Delphi
Deen neien a mëttlerweil sechsten Album vun der brittescher Kënschtlerin Bat for Lashes, op deem si hir nei Mammeroll mat duussen Ambientkläng illustréiert.
Richard Hawley - In This City They Call You Love
Op sengem neien Album "In This City They Call You Love“ setzt de Songschreiwer Richard Hawley senger Heemechtstad Sheffield e musikalescht Denkmal.
La Luz - News of the Universe
La Luz erkämpfe sech d‘Onbeschwéiertheet vu Plack zu Plack méi haart.
Beth Gibbons - Lives Outgrown
D‘Beth Gibbons kennt een als Stëmm vun der 1990er Band Portishead. Mat "Lives Outgrown“ stellt si hiren éischte Solo-Album vir.
Charlotte Day Wilson - Cyan Blue
Op hirem neien Album “Cyan Blue” entdeckt d’Charlotte Day Wilson nees d’Kand a sech selwer a presentéiert een eklektesche Mix aus Balladen an RnB.
Jessica Pratt - Here In the Pitch
Fir hire véierten Album huet déi amerikanesch Singer-Songwriteren eng Schëpp drop geluecht.
Bullion - Affection
Den neien Album vum Produzent Nathan Jenkins.