“Surf Noir“, eng Genrebezeechnung, déi fir La Luz esouhallef erfonnt gouf. Dee sechsten Album vun der honnertprozenteg weiblech besater Rockband vu Seattle follegt der Trame vun enger Gebuert an enger Kriibsdiagnos. Dat héiert een hir allerdéngs fir d‘éischt emol guer net un … Op “News of theUniverse” spille La Luz vu Seattle fir d’éischte Kéier mat hirer neier BatteuseAudrey Johnson, an et ass direkt fir déi méi staarken Tubak. D’Bandleaderin Shana Cleveland begéint Rumeure vun der Apoclyps mat Léift am Plaz Jugement, mee léisst dofir eng Spuer méi vun hirer brutaler Weiblechkeet eraus, wéi siseet. Surfrock net metaphysesch? Wéi wann!
arrow_back_ios
Album vun der Woch
La Luz - News of the Universe
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Genesis Owusu - Redstar Wu and The Worldwide Scourge
Deen australesche Museker Genesis Owusu bréngt mat “ Redstar Wu and The Worldwide Scourge” säin drëtten Album eraus.
School Fair – Unexpected Viloence
Iergendwou tëschent Fontaines DC an den Ufanksdeeg vun The Cure fanne School Fair hire ganz eegene Sound.
Levin Liam - Pech
Mat sengem zweete Studioalbum "Pech" iwwerzeegt den Hamburger Musiker mat melodesche Beats a melancholeschen Texter an definéiert de Genre Hip Hop op seng ganz eegen Aart a Weis.
Aldous Harding - Train on the Island
Méi eckeg wéi op hire leschte Placke weist sech d'Aldous Harding op hirem neiste Wierk "Train on the Island".
Carla dal Forno - Confession
Opgeholl an enger verloossener Klinik an Texter iwwer obsessiv romantesch Fantasien - d’Carla dal Forno ënnerleet düster Gedanke mat poppege Melodien a kantegem Bass.
Friko - Something Worth Waiting For
Op hirem zweeten Album zitéiert de Quartett vu Chicago seng Virbiller, vu Radiohead bis Bright Eyes - an dat mat vill Elan an Originalitéit.
My New Band Believe - My New Band Believe
Als My New Band Believe liwwert den Ex-Black Midi Bassist Cameron Picton e Mix aus Jazz, Chamberpunk a Progrock. Musek direkt aus engem Féiwerdram.
Ambiguous Desire - Arlo Parks
Der Arlo Parks hiren drëtten Album huet Aflëss vun House, Techno a Garage Musek.
The Twilight Sad - It’s The Long Goodbye
D’Metaphere verschwannen, d’Texter si réi an direkt, gepräägt vun direkten Ausriff a Protest: “No, I can’t let this happen to you / I won’t let this happen to you” ...
Charlotte Cornfield - Hurts Like Hell
Alternativ Country-Kläng a Geschichten aus dem Alldag: kléngt onspektakulär, mee net wann se esou humorvoll a lëfteg kléngt wéi bei der Charlotte Cornfield.
James Blake – Trying Times – Léift ass awer d’Äntwert, oder?
Dem englesche Museker a Produzent James Blake seng éischt independent Release.
Kim Gordon - Play Me
En Album géint den Trumpismus an AI - mat “Play Me” liwwert d’Kim Gordon Protestsongs mat uerdentlech Bass.
Baby Keem - Ca$ino
De Baby Keem huet seng Fans fënnef Joer laang op nei Musek waarde gelooss. Ouni grousse Roll-Out huet hie säi véierte Studio Album “Ca$ino” elo erausbruecht.
Dominique Fils-Aimé - My World Is The Sun
Eisen Album un der Woch ass eng Soul Plack, méi genee déi 5. Plack vun der kanadesch-haitianescher Musekerin Dominique Fils-Aimé.
Danny L. Harle - Cerulean
Hyperpop a Popdiven: Op “Cerulean” liwwert den Danny L Harle e musikalescht Overstatement.
Luke Temple - Hungry Animal
Radiohead begéint Nick Drake: Tëschent Indie a Folk, 1970 an 2026, fënnt de Luke Temple Melodien an Arrangementer, déi begeeschteren a beréieren.
Labrinth - COSMIC OPERA ACT I
De Labrinth, mat richtegem Numm Timothy Lee McKenzie, ass e brittesche Sänger, Songwriter, Rapper a Produzent.
PVA – No More Like This
En Enn an en Neiufank
Sleaford Mods - The Demise Of Planet X
Gesellschaftskritik mat uerdentleche Beats a rabiate Lyrics.