arrow_back_ios
Erausfuerderung gréng EU
Den Designer hir Welt vu muer
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass wuel jiddwerengem kloer, datt mir eis net eleng op d'Magie vun der Technologie kënne verloosse fir d'Welt ze veränneren. Mee heiansdo kënne grad ganz kleng Innovatioune grouss Differenze bedeiten. D'Journaliste vun Euranet plus ware bei e puer europäeschen Designer, Architekten an anere kreative Käpp op Besuch, virun allem bei Leit, déi scho mat engem Fouss an der Welt vu muer stinn: de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus presentéiert vum Jean Claude Majerus.