Ob un der Côte, bei Bëscher oder bei Flëss, et gi Regiounen déi besonnesch vulnerabel fir extrem Klimaphenomener sinn.
An der europäescher Unioun gi Strategien entwéckelt, déi sech mat der Präventioun an och der Reduktioune vun de Klimarisike beschäftegen. An et gëllt d’Resistenz vun der Infrastruktur, den Ekosystemer, der Gesellschaft an der Ekonomie an der EU ze stäerken an dat ass eng wichteg Missioun am europäesche Katastropherisikomanagement.