Dauer: 40 Minutte Virbereedung a Baken (plus ronn 30 Minutten ofkillen an Dekoratioun)
Fir de Kuch brauche mir:
200 g Weess Miel (am beschten Typ 45 oder 55)
150 g wäissen oder brongen Zocker
Ee klenge Pak Bakpolver (ronn 15 g)
1/2 Kaffisläffel Bicarbonate de soude
1 Kaffisläffel Salz
1 1/2 Kaffisläffel Kanéil
½ Kaffisläffel Ingwer
¼ Kaffisläffel Muskat Noss
120 ml vegan Mëllech (z.B. Soja Mëllech)
55 ml Raps Ueleg (oder aneren Ueleg ouni staarke Goût)
10 ml Äppel Esseg
2 Kaffisläffel Vanill Extrakt
100 g gerappte Muerten (ronn 3 grouss Muerten)
Ronn 100 g geschnidden oder gemuele Walnëss
Fir déi vegan Bottercrème brauche mir:
100 g vegan Margarine
Ronn 200 g Pudderzocker
2 Kaffisläffel Kanéil
2 Kaffisläffel Vanill Extrakt
4 Zoppeläffel vegan Mëllech
Fir d'Marzipan Muerte brauche mir:
100 g Marzipan Mass
E bësse Pudderzocker
Iess Faarwen (giel, rout, gréng)
Virbereedung:
De Schäffchen op 180 Grad wiermen
Zwou ronn Bakforme vu ronn 15 cm mat Bakpabeier beleeën a mat e bësse Raps Ueleg areiwen
An enger grousser Schossel d'Miel, den Zocker, de Bakpolver, de Bicarbonate de soude, d'Salz, de Kanéil, den Ingwer an d'Muskat Noss vermëschen
D'Mëllech, den Ueleg, den Äppel Esseg, de Vanill Extrakt, d'gerappte Muerten an d'gemuele Walnëss dobäi mëschen
Den Deeg an deenen 2 Bakforme gläichméisseg verdeelen a fir ronn 28 Minutte baken (den Test mat engem Holzstäbche maachen; de Stäbchen an d'Mëtt vum Kuch stiechen; de Kuch ass fäerdeg wann um Stäbchen näischt hänke bleift)
Fir d'vegan Bottercrème d'Margarine, de Pudderzocker, de Kanéil, de Vanill Extrakt an d'vegan Mëllech mat engem Mixer fir e puer Minutte vermëschen (bis keng Stécker méi dra sinn)
D'vegan Bottercrème eréischt op de Kuch opdroen, wann e ganz ofgekillt ass
Fir d'Marzipan Muerten d'Marzpian Mass mat e bësse Pudderzocker vermëschen
Ee groussen Deel vun der Marzipan Mass fir den orangen Deel vun de Muerten huelen, an deen anere méi klengen Deel fir de gréngen Deel vun de Muerten
Bei deem groussen Deel d'Faarwe rout a giel dobäi mëschen a mat den Hänn knieden
Bei de klengen Deel d'Faarf gréng mëschen a mat den Hänn knieden
Béid Deeler jeeweils mat der Hand an eng laang Rull dréinen
All Rull a Stécker vu ronn 3 cm schneiden, an déi eenzel mat den Hänn oprullen (op engem Enn e bësse méi déck wéi un deem aneren Enn)
Mat engem Messer an dee groussen orangen Deel vun de Muerte jeeweils e puer Strécher schneiden
De gréngen Deel vun de Muerten drunhänken
D'Marzipan Muerten e bëssen haart gi loossen an dann op d'vegan Bottercrème um Kuch dropleeën