Dauer: 1 Stonn an 30 Minutten
Fir ronn 8 Bréidercher brauche mir:
- 325 ml wotlecht Waasser
- Ee klenge Pak dréchen Hief
- 500 g Miel (am beschten 450 g Spelz Miel a 50 g Weessmiel)
- 2 Kaffisläffele Salz
Virbereedung:
1. D'Waasser an d'dréchen Hief an enger Schossel vermëschen, bis keng Stécker méi dra sinn
2. D'Miel an d'Salz dobäi ginn
3. Alles mat engem Läffel vermëschen an da mat den Hänn fir e puer Minutte knieden
4. Den Deeg fir 1 Stonn roue loossen, am beschten ënner engem Duch
5. Aus dem Deeg ronn 8 Bréidercher formen an op ee Bakblech leeën
6. Bei 230 Grad Celsius fir ronn 15 Minutte baken
Quell: Maya Leinebach (fitgreenmind)