Erausfuerderung gréng EU
Ka Fléie gréng sinn?
20 min
Am leschte Green Deal EU-Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus geet et ëm e Sujet, deen natierlech ville Mënschen um Häerz läit, nämlech d'Vakanz, an domat verbonnen d'Reesen. Et ass kloer, datt mir hautdesdaags all Méiglechkeeten hu fir ze reesen, an datt et wuel keng Plaz méi op der Welt gëtt, déi mir duerch d'Fléien, duerch de Fliger eben net kënnen erreechen. Mee d'Fléie gehéiert awer sécher net zu deenen ëmweltfrëndlechsten Techniken. De Jean Claude Majerus huet verschidde Meenungen zesummegedroen.