Erausfuerderung gréng EU
Den Auto an de Klima passen net beieneen
15 min
De Verkéier op de Stroosse war an de leschte Jore fir bal 30 Prozent vun allen Zäregasemissiounen an der Europäescher Unioun responsabel a bal zwee Drëttel vun den Zäregasen dovu koum vu Luxmaschinnen. Mee fir méi a méi Mënschen, virun allem jonk Leit, bedeit den Auto haut awer net méi dee Statussymbol, wéi dat mol war. Dat kënnt och sécher doduerch, well den Auto eng negativ Konnotatioun huet am Kontext vun den Zäregasemissiounen.
Detailer zum Theema am Jean Claude Majerus sengem Green Deal EU-Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.