Erausfuerderung gréng EU
Deele kënnt der Ëmwelt zegutt
Sharing Economy ass, einfach gesot, en allgemengen Term fir Geschäftsmodeller, Plattformen, Firmen oder soss praktesch Approchen, déi et méiglech maachen, ganz oder deels ongenotzte Ressourcë gedeelt ze notzen. Oder anescht gesot et fënnt een an der Sharing Economy gemeinschaftlech Consomatioun oder Kollaboratioun an der Produktioun, en Zesummeschaffen am Finanzberäich, en oppen an zougänglecht Wësse grad wéi horizontal an oppen administrativ Strukturen. Där Sharing Konzepter fënnt ee scho méi laang an der Landwirtschaft, eng bekannte Form ass do déi sougenannt Kooperativ.
Sharing Economy oder gedeelten Ekonomie: Theema beim Jean Claude Majerus am Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus