Erausfuerderung gréng EU
Wéi eng Bedeitung kritt d'Waasser an der Zukunft?
Extreem Wiederevenementer, déi Suitte vum Klimawiessel sinn, begéine mir weltwäit ëmmer méi dacks, a se ginn ëmmer méi extreem an intensiv. Eng Haaptprioritéit am Green Deal vun der europäescher Unioun, mat deem d'EU e gréngen Iwwergang preparéiert, ass et d'Ursaache vum Klimawiessel ze limitéieren.
Extreem Wiederevenementer an an deem Kontext eng vun eise wichtegste Ressourcen, nämlech d'Waasser, sinn e grousse Problem. D'Waasser ass dann hei d'Theema vum Jean Claude Majerus sengem Green Deal EU-Podcast an Zesummenaarbecht mam europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.