Mannala, Grittibänz oder Stutenkerl, aner Länner aner Nimm, mee et bléift e Boxemännchen. Mat an ouni Glasur oder Pudderzocker, kee Kleeserchersdag ouni Boxemännercher.
Wien sech amuséiere wëll fënnt am Internet och Beispiller fir Boxemeedercher ze baken.
Hei dem Marie säi Virschlag fir déi vegan Boxemännercher:
Dauer:
20 Minutte Virbereedung
25 Minutte Baken
8 bis 12 Stonne Waardezäit (iwwer Nuecht)
Fir 6 Boxemännecher brauche mir:
240 ml wotlech Mëllech (am beschte Soja Mëllech)
1 Kaffisläffel (ca. 9 g) frësch Hief
80 g Zocker (am beschte brongen Zocker)
350 gr Weessmiel (Type 55)
70 gr Margarine
½ Kaffisläffel Salz
Fir d'Glasur brauche mir:
E puer Kaffisläffel Ahornsirop
E puer Kaffisläffel Pudderzocker
Oder:
E puer Zoppeläffel Mëllech (z.B. Soja- oder Huewermëllech)
E puer Zoppeläffel Pudderzocker
Zoubereedung:
1. Alles (ausser der Glasur) an eng Schossel ginn a mat engem Mixer fir ronn 10 Minutte vermëschen, bis den Deeg pecheg ass
2. Den Deeg entweder an Aluminium-Pabeier oder an eng Schossel mat engem Duch drop apaken, an am Frigo op mannst 8 Stonnen, a spéitstens bis de nächste Moien opgoe loossen
3. Den Deeg mat e puer Kaffisläffele Miel mat den Hänn knieden, fir dass e manner pecheg gëtt
4. Jeeweils zwee Been, zwee Äerm an ee Kapp mat der Hand formen
5. D'Boxemännecher op Bakpabeier leeën, an am Uewen bei 200 Grad Ober-/Unterhitze fir ronn 25 Minutte baken
6. Fir et nach méi séiss ze maachen, d'Boxemännecher aus dem Schäffchen huelen a no ronn 10 Minutte mat enge vun den zwou Glasuren usträichen (mat engem Pinsel), oder einfach Pudderzocker drop maachen