Erausfuerderung gréng EU
Feieren, Festivaller an Nohaltegkeet
12 min
Feiere läit an der Natur vum Mënsch. Mee wéi nohalteg iwwerleeë mir dann, wann et ëm d'Feiere geet, souwuel ëffentlech wéi privat Feieren? Kleng Familljefeieren oder och grouss Festivaller. Mat all dem Stress, dee mir duerch d'Pandemie erlieft hunn, d'Liewenskäschten, déi ëmmer méi héich ginn, oder nach d'Angscht virum wuessende Klimawiessel, bidden déi eng oder aner Feieren oder gréisser Fester sécher eng Ofwiesslung, bei där de Mënsch op d'mannst emol fir e kuerzen Ament alles vergiesse kann. An dat mécht de Mënsch schonn zanter éiwegen Zäiten.
Mee kann ee beim Feieren ekologesch Iwwerleeungen einfach lénks leie loossen? Ënner anerem dës Fro stellt de Jean Claude Majerus sech an dëser Episod vun der Green Deal EU-Reportage an Zesummenaarbecht mam Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.