Mat deem neie Schoulgesetz gouf eng Schoulflicht vu siwe Joer ageféiert fir all Kand, dat den 1. November sechs Joer huet. Gewosst war, datt mat der Industrialiséierung vum Land et och néideg wier eng Formatioun unzebidden, déi et de Leit erméigleche sollt an deene Secteure spéider eng Aarbechtsplaz ze fannen. D'Schüler sollte mat där Schoulreform eng méi breet Ausbildung kréien, déi iwwer d'Alphabetiséierung an d'Rechnen erausgeet. Well mat deem Gesetz den Afloss vun der Kierch op d'Schoul reduzéiert gouf, goufen et am Virfeld vill Diskussiounen an och déi déif kathoulesch Grande-Duchesse Marie-Adelheid huet sech ee Mount Zäit geholl fir d'Gesetz ze ënnerschreiwen. Trotz villen Ännerungen am Laf vun de Joerzéngte sollt dat Schoulgesetz bis virun 13 Joer gëllen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 110 Joer gouf en neit Schoulgesetz gestëmmt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.