Mat 26 Joer spillt den Escher seng éischt grouss Roll am Film "Das Mädchen Johanne". Hien etabléiert sech séier an der däitscher Filmzeen an dréit bis 1944 vill Filmer. Nom Iwwerfall op Lëtzebuerg profitéieren d'Nazie vum René Deltgen senger Popularitéit a setzen hien op Plakater an fir z. B. Lëtzebuerger Kanner ze beweegen an d'Hitler-Jugend anzetrieden. Wéinst senger reprochéierter Kollaboratioun mat Nazi-Däitschland stellt sech de René Deltgen nom Krich der Lëtzebuerger Justiz, gouf awer net verurteelt. Aktiv war hien nach bis an 1960er Joren an Höspiller wéi der Francis-Durbridge-Serie an an Edgar Wallace Filmer. De René Deltgen stierft den 29. Januar 1979 am Alter vun 69 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 113 Joer koum de René Deltgen op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.