Den 19. Februar 1986 schéisst d'Sowjetunioun dat éischt Module vun der Raumstatioun MIR an den Orbit. No de groussen Erfolleger vum éischte Satellit Sputnik, dem éischte Vol am All vun engem Mënsch mam Juri Gagarin an duerno der éischter Fra, hat d'UdSSR d'Renne mat den USA fir den éischte Mënsch um Mound verluer. D'Sowjetunioun huet sech duerno op Experimenter am All konzentréiert an hat mat Saljut 7 eng éischt Statioun am All. D'MIR sollt awer déi éischt Weltraumstatioun sinn, déi aus verschiddene Module opgebaut war. Si huet d'Opléisung vun der Sowjetunioun iwwerlieft a gouf no 15 Joer am Déngscht - eng Liewensdauer vu siwe Joer war am Ufank geplangt - kontrolléiert an d'Äerdatmosphär gesteiert, wou se verbrannt ass. An deene 15 Joer ass d'MIR an enger Héicht vun 390 Kilometer 86.325 Mol ronderëm d'Äerd gekreest.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 36 Joer MIR am All
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.