arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ En Experiment mat engem Whiteboard Marker ...

En Experiment mat engem Whiteboard Marker ...

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

Salut Kanner a wëllkomm am Kannereck. De Februar ass jo dee Mount, deen net ëmmer déi selwecht Zuel Deeg huet, meeschtens huet de Februar 28 Deeg, just an engem Schaltjoer huet de Februar 29 Deeg, an dat nächst Schaltjoer ass 2024.


Mee Kanner, hutt dei da schonn eng Kéier héieren, datt de Februar och mol 30 Deeg hat. Ah dach, dat gouf et schonn, a Schweden hat de Februar am Joer 1712 30 Deeg, well si do wollte vum julianeschen op de gregorianesche Kalenner wiesselen, wat si dunn awer nees net wollten, mee fir nees ëmzestellen, huet een Dag gefeelt, an dofir hat am Joer 1712 de Februar 30 Deeg.


An der Sowjetunioun, dat wat haut Russland ass, do wollten si 1929 e Revolutiounskalenner aféieren, an deem all d'Méint am Joer 30 Deeg sollten hunn, an dofir gouf et an der Sowjetunioun 1930 an 1931 allkéiers en 30. Februar. Dat war awer 1932 schonn nees eriwwer.


Voilà Kanner, dat also zum Mount Februar, mee elo ass et awer héich Zäit bei eist Experiment ze kommen, an do hantéieren d'Michèle an de Jean Claude mat engem Whiteboard Marker. Dir kennt dat bestëmmt aus der Schoul, déi Stëfter, fir op déi wäiss Tafel ze schreiwen. D'Experiment kënnt dir och op science.lu kucken.

Episoden

De Jos an den Tatzelwuerm

De Jos an den Tatzelwuerm

Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
headphones

55 min

play_arrow
Episod 6: Schnipp Schnapp!

Episod 6: Schnipp Schnapp!

Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 5: Eng Strëmp

Episod 5: Eng Strëmp

Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 4: Et gëtt gekacht!

Episod 4: Et gëtt gekacht!

Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
headphones

5 min

play_arrow
Epsiod 3: Dinosaurier

Epsiod 3: Dinosaurier

Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
headphones

8 min

play_arrow
Episod 2: Grujeleg

Episod 2: Grujeleg

Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
headphones

7 min

play_arrow
Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
headphones

9 min

play_arrow
De Mukami an d'Bierger

De Mukami an d'Bierger

Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

39 min

play_arrow
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
headphones

9 min

play_arrow
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

headphones

5 min

play_arrow
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

headphones

5 min

play_arrow
Eng Nuecht an der Philharmonie

Eng Nuecht an der Philharmonie

headphones

30 min

play_arrow
De Rigoletto Vodoo-Zauber

De Rigoletto Vodoo-Zauber

headphones

24 min

play_arrow
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

headphones

6 min

play_arrow
D’Eloisa a seng Gei

D’Eloisa a seng Gei

headphones

5 min

play_arrow
Musek maachen op enger Schalimosflütt

Musek maachen op enger Schalimosflütt

headphones

5 min

play_arrow
Mir fabrizéieren eng Knupptut

Mir fabrizéieren eng Knupptut

headphones

6 min

play_arrow
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

headphones

5 min

play_arrow
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

headphones

7 min

play_arrow
E Fest am Wanterbësch

E Fest am Wanterbësch

headphones

11 min

play_arrow