Gebuer den 18. Dezember 1913, flücht den Däitschen Herbert Ernst Karl Frahm 1933 bei der Muechtergräifung vun den Nazien an Norwegen, léiert d'Sprooch vum Land, schreift Artikelen ënner verschidde Pseudonymmen, esou och als Willy Brandt. 1940 gëtt hien ënner dem Numm Willy Brandt an Norwegen agebiergert. Nom Zweete Weltkrich zeréck an Däitschland, engagéiert hie sech an der SPD, gëtt Buergermeeschter vu West-Berlin a war vun 1969 bis 1974 Bundeskanzler an enger sozial-liberaler Koalitioun, eng Zäit, an där hien d'Ostpolitik vun der BRD markéiert huet an dofir 1971 de Friddensnobelpräis krut. De Willy Brandt stierft den 8. Oktober 1992 am Alter vun 78 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 108 Joer koum den Herbert Ernst Karl Frahm op d'Welt
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.